Syndicat Intercommunal Pidal

Publié le

An engem Bréif vum 30. August 2012 un de « Syndicat Intercommunal Pidal », hunn déi gréng aus de Gemenge Luerenzweiler, Steesel a Walfer e puer Bemierkungen zur Visite vum 20. September gemaach, wou jo bekanntlech d’Gemengeréit aus den 3 Gemengen d’Méiglechkeet hunn, d’Installatiounen vun der Pidal ze besichen an uschléissend op een Iessen am Restaurant les Berges invitéiert sinn. Des weideren wollten déi gréng aus den 3 Gemengen wëssen, wéi et dëst Joer finanziell ëm Pidal steet a wat fir Schlussfolgerungen konnten aus dem Audit gezu ginn.

Leider ass bis haut, 18. September 2012 nach keng Reaktioun vu Säite vum Syndikat komm. Dofir froe mir an dësem Schreiwen wei déi Luerenzweiler Vertrieder vum «Syndicat Intercommunal Pidal» d’Situatioun gesinn.